SG-Tagebuch

Updated Look

Am Schoulgaart ass fläisseg geschafft gi vun der Gemeng déi eng super Aarbecht geleescht hunn, villmools Merci dofir! Hei d’Resultat:

März 2026

Mir hu Rousestäck, Spinat a Réidecher ugeplanzt. Mir hunn d’Buch “De Sam séit eng Sonneblumm” gelies an hu Sonneblummen an der Klass ugeplanzt. Blummebeet ass gebotzt ginn an e neit Hochbeet gouf gebaut. Hei d’Resultat:

Réidercher séinen – Februar 2026

An der Klass hu mir d’Buch gelies : “De Rudi séint Réidercher”. Doropshi konnte Kanner selwer hier Réidercher séinen. Hei d’Resultat:

Projet – Changement vun de Klassen – Dezember 2026

Déi 3 Klassen (Claudia Di Giambattista, Melany Mendes a Claudia Pescatori) ginn all 2 Woch ënnert den 3 Enseignante gewiesselt, sou dass all Klass eng Kéier an de Schoulgaart ka goen an do u verschidden Ateliers kann deelhuelen. Hei d’Resultat:

Fête de la récolte – Oktober 2026

Mir hunn am Schoulgaart alles recoltéiert fir eis Fête de la récolte ze präparéieren. Zu 3 Klassen hu mir eis zesumme gesat a matt de Kanner Rezepter preparéiert. Ee Metten hu mir dann eise Menu an der Schoul an der Mëttespaus zesumme genoss. Hei d’Resultat:

Feierwanz entdecken

Kanner hunn am Schoulgaart Feierwanzen entdeckt. Mir hunn se mei genau an der Lupe konnten entdecken an hunn hier en Terrarium an der Klass preparéiert. Hei d’Resultat:

Opliewe vum Schoulgoart

Am Joer 2025 hu mir am Mount Mee de Schoulgaart erëm nei erbléie gelooss.

An Zesummenaarbecht mam Gaart an Heem hu mir Beeter mam Cycle 1 an 2 ugeplanzt. Hei d’Resultat:

Nei Folie fir d’Gewächshaus

Am Mee 2020 gouf d’Gewächshaus nei agekleed. Déi al Folie, déi op ville Plaze futti war, gouf duerch eng nei ersat. Hei d’Resultat:

Nei Hochbeeter

Am Mäerz 2020 huet eis de CIGL d’Holz vun den Hochbeeter ausgewiesselt. Hei d’Resultat: